2025 Chrëschtfeier 13 Dezember
Wie och schonn di Jore virdru wor eis Chrëschtfeier an der Hostellerie Stafelter, di traditionnel den Ofschloss vun der Saison markéiert gutt besicht.
Mee dëst Joer wor besonnesch. An am Kader vum 25. Anniversaire vum Mercedes-Benz Club Luxembourg, sinn dëst Joer 7 Konschtwierker di vun eise Memberen Henri Rospek a Dennis Rossbach, erstallt a gespent goufen, zu Gonschte vun der Associatioun «Wheels Up – Hëllef fir psychesch krank Kanner» verkaaft gin.
Méi Informatiounen iwwer dës Associatioun di an der Begleedung vu jonken, psychesch geschwächten Kanner aktiv ass fannt Dir ënner follgendem Link : https://www.wheelsup.lu/
Fotos: Guy MÜLLER
